news / info
Tipps n' Tricks
Dictionary
Handsigns
Bullets



HANDSIGNS


An der Gesellschaft vun haut gëtt et ee bestëmmte Faktor, deen eis alleguer iwwerwältegt huet: onmoossege Stress ! Duerfir as et onbedéngt wichteg fir eisen ofgenotzte Kierper an eise blesséierte Geescht, sech mol heinsdo z'entschlacken, seng Sënner z'erfrëschen, a seng Séil baumelen ze loossen ...

Also as et onemgänglech, heinsdo mol e gudden huelen bzw. hëppen bzw. drénken ze goën ! Do kann et awer mol geschéien, dass eng oder déi aner Erfrëschnug zevill deng Strass erofleeft. Dann kriss du natierlech och Problemer, dech mat dengem Géigeniwwer (insouferns du een hues) ze verstännegen. Grouss Diskussiounen sin hei souwiesou onnëtz, dann gëtt sech just nach dat néidegst iwwerdroën, sief et mat virbereeten SMS'en ........ oder natierlech och mat Handzeechen.
PUDENIS visualiséiert dir op deser Plaz mol e puer däer Kommunikatiounsmëttel, déi dir hëllefen, dat auszedrécken, wat dir um Häerz bzw. op der Liewer läit:

Anm. der Red.: Dës Handzeechen goufen vun enger professioneller Hand duerchgefouert. Keng Hand as dobäi zu Schued komm...

Fir unzefänken: den offiziellen, notariell unerkannten PUDENIS - GRUSS: klenge Fanger an Zeigefanger an d'Luucht, Daum, Mëttel- a Réngfanger no bannen gekéiert: domat kanns du dann en anere PUDENIS - Member gréissen, en Aussenstehenden "Bas cool !!" vernennen, oder en einfach an de Fotoapparat haalen.


STEFFI, DAT DO HUN ECH NET BESTALLT !!

DU AASCH, GËFF MIR MÄIN BRIQUET ZRéCK !!

ECH ? ECH HUN DÄI BRIQUET NET GEKLAUT ! SELWER AASCH !!

SOLLE MIR OP DE BAL FUEREN ? ECH KANN NACH STOëN ...

DAT FRAMENSCH DOHANNEN AM ECK AS PLATT WéI E BRIET !!

ECH HUN E MEGA STÄNNER AN DER BOCKS ! SIN GÄIL WéI 10 MATROUSEN !!

DU ANGEBER HUES DACH JUST E MINI BIBBES !!

ALLEZ TOMAT, DAT WAR NET SOU GEMENGT .... KOMM MIR SIN NEES KOLLEGEN !!

IDIOT, BAS DU NEES VUM HOCKER GEFALL ?? KOMM ECH HIEWEN DECH OP !

WAT HUN ECH ENG AM BEEN !! ECH GESIN MENG HAND NET MéI FIRUN AAN !!

The Original

All Mënsch kennt en, den noën Verwandten vun eisem DENIS-Gruss: säin Cousin, de Stinkefinger !! Mee wou kënnt dee Geste matsamt sengem Numm eigentlech hir ?? Heescht e Stinkefinger, well e kuerz firdrun an iergendeppes dran war, dat net gudd richt ??



D'Symbol war als digitus impudicus (lat.: digitus [der Finger]; impudens [schamlos, unverschämt]) schon am antike Roum a Griechenland bekannt. Impudens as ofgeleet vun IMPUDENIS, wat also d'Antonym vu PUDENIS as.
Mir sin also weder onverschämt nach schamlos !!

Rappel

Vill vun eise Memberen wëssen nach guer net, dass ee mat enger Hand och eppes malooche kann ...

Gähn ... !!

Falls du dech lo op dëser Plaz total langweils an e bësse Beschäftegung sichs, dann ziel mol eng Kéier op, wéivill mol dat Wuert "PUDENIS" op der ganzer Homepage steet ... dës Kéier abegraff, mee ziel déi zwee ganz uewe just eemol !