news / info
Tipps n' Tricks
Dictionary
Handsigns
Bullets


$

DICTIONARY


Lëtzbuergesch verstoën a schwätzen vun Dag zu Dag méi wichteg gin, säitdeem eis Grenzen gin opgemat ëmmer méi. Trotzdem mir net alleguer schwätzen déi selwescht Sprooch. All kleng Eck an eis Land huet säin eegenen SLANG, genausou wéi an Däitschland z.B. sächsesch net konform zum typesch klasseschen hochdeutsch stoën.

Schluss mam Stuss: zu Wuermer soën se z.B net:

  • Gees DU mat een huelen ??
Nee, sie soën (total agebilt a vun sech selwer iwwerzeegt):
    - Gees DÄU mat een huelen ??
    - Wien, MÄU ??
    - Jo, GENÄU DÄU !!
    - WÄU, fannen ech zimlech RÄU !!
    - Leck MÄU, du domm SÄU, ech gin eleng !! CIÄO CIÄO !!

Jo, an sou kënnt et dass déi Matbierger ausserhalb vun der Uertschaft denken, déi vu Wuermer hätten eng mat der Denn. An dobäi sin sie just hire Wuerzelen trei an drécken sech sou aus, wéi sie wëllen !! KRASSE RESPEKT, WUERMER !!
Aner Beispiller aus eisem klenge Ländchen erspueren ech mir lo hei, soss muss PUDENIS auswanderen.


Och zu Kanech, a speziell am engste Krees vun der PUDENIS - Spaassgesellschaft, hun sech no an no e puer Sproochemleedungen entwéckelt, déi vun engem Aussenstoënden net onbedéngt genausou absorbéiert gin, wéi et ursprüngklech geduet war.

Duerfir, exklusiv op dëser Sait, präsentéieren mir Iech deen offiziellen PUDENIS - Dictionnaire !!!!!

Pudenisësch Lëtzebuergësch
En totale No Go Wann eppes guer net zur Zefriddestellung bäidréit, wann eppes konträr zum allgemengen Behuelen ass
En totale Must Have Wann eppes zur Zefriddestellung bäidréit, wann eppes exakt zum allgemenge Behuelen passt
AalAm Arsch lecken
Wann engem eppes schäissegal ass
Gläichgestallt mat folgendem Ausdrock:
  • Draufgeschissen)
Ech hun eng am Been (oder am Gesiit, an der Jeans, am Geweih,...)Ech hun e puer alkoholesch Getränker zevill konsuméiert, si mer lo net méi grad mengen Handlungen a menger Astellung bewosst a wier frou, wann ee mech giff vum Buedem opraafen an heemféieren.
Och gläichgestallt mat folgenden Ausdréck:
  • Ech sin total begladdert
  • Ech si mega erfrëscht
SchlampeAttraktivt a wahrscheinlech och mat engem äusserst interessante Charakter bestécktend Meedchen, dat a 5 Minuten vun engem PUDENIS - Member ugeschwat gëtt zwecks enger klenger Taas Kaffi an enger Timber - Präsentatioun bäi him doheem.
Gläichgestallt mat folgendem Ausdrock:
  • S.L.F. (Säu - Louder - Fierkel)
ErfrëschungskandidatIndividuum, dat gäer seng Kandidatur stellt, wann et drëms geet, bäim Vernichten vun alkoholesche Getränker ze hëllefen.
Fir de weiblechen Deel vun der Bevölkerung gëllen folgend Synonymen:
  • Erfrischungstante
  • Schäissketty
Äugelen, mündelen, öhrelenKucken, schmaachen, läuschteren
"Kussi fucken ?""Hues du Loscht, mat op de Fussballsterrain ze kommen, an dir zesummen mat mir e Match vum FC Jeunesse CANACH unzekucken ? Dann kënne mer gläichzäiteg och nach e puer LONG NECK schmaachen, déi hu mir allenzwee jo schliesslech mega gäer !!!"
Am Resumé einfach nëmmen eng alphabetesch Tournure vun:
  • "Fussi kucken ?"
Koup MënschIndividuum, dat säi Kierpervolume em en erstaunlecht Prozentual erhéicht huet an dowéinst och Opmierksamkeet bäi senge Matmënschen fënnt.
Weider Méiglechkeet:
  • Grousst Stéck Flääääsch
Ech sin wuschegEch sin zimlech erreegt bäim Betrachten oder Benotzen vun engem Objekt; positiven Ausdrock vun engem Wonsch, Gedanken oder enger Taatsaach. Wéi en Hond, deen sech stänneg um Been vu sengem Herrchen reift.
Gläichgestallt mat:
  • Ech si gäil wéi 10 Matrousen
Hu Dond !Ausruff. Alphabetesch Tournure vun Du Hond ! (weibl: Du Rüdin !) An der PUDENIS A.S.B.L. sin Hënn gläichgestallt mat Mënschen, wann net souguer, opgrond vun hirem streunenhafte Charakter, an eng Gesellschaftsschicht driwwer kategoriséiert. Duerfir as et och e Gefill vu Ruhm und Ehre, vun engem Member däeraart ugeschwat ze gin.
En anert Beispill:
  • Ku Döter !
Engem de (knaschtege) Bengel setzenEnger gezielter Persoun (oder Objekt, je nodeem wat grad zur Verfügung steet) säin Geschlechtsorgan aféieren (Liebesknochen, 11. Fanger, an ordinären Reihen och Penis genannt) zwecks Befriddegung a Stimulatioun vun de männlechen Trieben.
Eent feilenGläichgestallt mat: engem de (knaschtege) Bengel setzen. Hei ausnahmsweis eenzel erwähnt opgrond vu senger extrem héijer Popularitéit bäi de PUDENIS - Memberen, an der Theorie wéi och an der Praxis.
Fotzbra, DämelshéierchenAlpha - Tournuren vun: Botzfra, Heemelsdéierchen
Ech hu Brand !!!Obszön Bemierkung: Ech sëtzen (oder stin, je nodeems ob um Terrain, um Bal, oder bäim Manni) lo schon säit enger geschloëner 5 Minuten hei, a mengs de, iergend en Aaschlach giff mir eppes ze säufen bréngen ??!!!
Ausdrock vun Enttäuchung géigeniwwer senge Matbierger.
Psychologeschen Hannergrond: Systematescht Verstoppen vun der eegener Lidderegkeet, sech selwer eppes ze säufen sichen ze goën.
Am schlëmmste Fall och nach mat Knéckegkeet ze verbannen.
Ähnlechen Ausdrock:
  • Ech hun Düüüscht !!!
Gömmmmmäääähhhhh Béééiiääähhh !!!Giff et Iech, Monsieur, Madame, eppes ausmaan, mir héiflecherweis pur Happ, pur Malz, a pur Freed z'offréieren, sief et aus engem Gerstensaftsextett oder frësch vum Krunn ?? Ech soën Iech merci am Viraus a giff dës edel Offerte och belouhnen, wann dat Ären Erwaardungen géif entgéintkommen....
Ech hun Helmbrand !!Ech si grad erwächt, mir as zimlech iwwel, ech verspieren en onmoossegt Kraazen am Hals. Wann ech repsen, dann fillt et sech un, wéi wann ech giff mat engem Mixer an der Liewer de Béierschaum schloën. Dat sech duerch mäi ganze Kapp zéihend Pochen a Klappen erënnert un nervzerräissend Stroossenaarbechten un engem vill ze waarme Summerdag. Wat hun ech gescht nees gesoff wéi e Lach !! Wou ware mir gëscht nach ?? Wéi sin ech heemkomm ?? Wou sin ech iwwerhaapt ?? A firwat läit nierft mir e Koup Mënsch, deen ech mol net kennen ??

Also: Helmbrand net mat Brand verwiesselen: Brand entsteet firdrun (am Zentrum vum Kierper), Helmbrand hues du den Dag drop (nördlech vum Kierper).
Synonym:
  • Ech hu mäi Gesiit wéih !!
HupenmadameWeiblecht Wiesen mat enger zimlech ausgeprägter Oberweite. Am däitschen och gäer Tittenmaus genannt.
"Nee, wie cool is dat denn !!""Nee, dat do huet mech awer lo zimlech positiv iwwerrascht !!"
"Na dann haste ja n'tollen Tag gehabt !!""Mäi Gott, du bas jo total bescheuert, wat haas du e schäiss Dag !! An e schäiss Liewen dobäi !! Wann ech DU wier, wéilt ech, ech wier rëm ECH !! Ich werd' noch bekloppt !!"
E Burning maanErweidert Form vu Branding: sech ausdoën, op d'Bett léen (oder op d'Vakanzenterrass), de Bricket huelen an sech de ganze Bësch ronderem de Bibbes (oder d'Mumuh) ewegbrennen, bis dass just nach groën Sand um Buedem läit.
PUDENIS - Tipp: de Bibbes (oder d'Mumuh) wann méiglech verschounen.
Zum selwermaan oder maache loossen. E Spaass fir grouss a kleng !!
An de Profi e puer Klengegkeeten akaafen goënAn de Profi e gudden huele goën
"MIEP!!" (...a mam Fanger op den Dësch drécken...)Dat interesséiert mech net !!
"Ist mir Jacke wie Hose !""As mir dach schäissegal !"
Synonym :
  • "Ist mir Titte !"

Babel

Du brauchs Chip-Tuning fir deng Sprooch ? Voili Voilà :
- Mafiataart : Pizza
- Fummelbunker : Disco
- Schnellficktreff : Disco
- Herrenhandtasche : Sixpack
- Geschierkëscht : Cajeot Béier
- Analhouscht : Fuerz
- Ackerdesigner : Klouert
- Alimentekabel : Bibbes
- sech opbitchen : sech schminken

Spill-Owend

Falls du eng Kéier e gemittleche Spilli-Spilli-Owend mat engem vun eis bäi dir doheem maache wëlls - ech roden der of, däi SCRABBLE auszepaaken ...

Po-Esie

FC Kanech kinnéksblo
Mir gi Gas bis ultimo
FC Kanech, dem Stär vum Osten no !



DE SOUNDTRACK VUM FC JEUNESSE CANACH !!
Demnächst an dengem CD-Player !!