news / info
Tipps n' Tricks
Dictionary
Handsigns
Bullets



BULLETS


Pudenis-Seminar

Schëtt et an de Mënni, soss leeft et iwwert de Kënni

Hues du ferm Problemer, während denger Chillout-Session glaichzäiteg Fernseh ze kucken an un denger Cola ze nuckelen ?? Stänneg gëss du vun dengen Kollegen gepiesackt, well dir ëmmer den zockerege Saaft laanscht de Kënn erofdrëppst, soubal eppes Interessantes an der Flimmerkëscht leeft ? A während der Ausstrahlung vun denger Lieblingsemissioun SEXY SPORT CLIPS klëmmt deng Rechnung em dat Dräifacht, wells du dann guer näischt méi am Mond behälls ?

KEE PROBLEM !!

PUDENIS organiséiert lo extra fir dech en Intensivcours a Saachen REFRESHMENT - MANAGEMENT. Hei gëss du dann geléiert, dat Gedrénks, wats du bezuelt hues, och bäi dir ze behaalen. Eventuell Strofen kënnen dann dodran bestoën, sech 1 Stonn laang ouni Schutzanzug a Prabeli op der Härentoilette opzehaalen, oder säin Auto op dee neien, gielen Verbueds-Sträifen ze parken. De FINAL CHALLENGE besteet dann doraus, 1 hallef Stonn laang eng Schlupp leckeren Béiääähhh an dengem Schniewel ze haalen an der dobäi déi beschten Szenen aus STIRB LANGSAM 1 - 3 unzekucken.

OFFICIAL PUDENIS-REFRESHMENT-MANAGEMENT-CERTIFICATE GUARANTEED !!


PUDENIS TV-TIPP: FLORIDA KUEL !!

Säi Cousin, de Magnum, léint him säi Ferrari nie méi !!

An den 80er Joren sutzen Milliounen Mënschen firun der Flimmerkëscht, fir den Crockett an den Tubbs aus dem Serienknüller MIAMI VICE an Aktioun ze gesin !!
10 Joër méi spéit sutzen der bedeitend manner während der Ausstrahlung vun TROPICAL HEAT firdrun....
An elo kommen d'Sonn, de Strand, d'Hupen an d'Kriminalitéitsbekämpfung zréck op äre Bildschirm !!! Verfolleg och du mat Spannung, wéi eisen Kuel d'illegal Waffengeschäft an den Drogenhandel bekämpft an sech dobäi nach total relaxed mat Schirmchendrinks vu vollbusegen Strandnixen verwinnen léisst. Am Bunnesstaat KUELIFORNIEN as hien d'Gesetz, drëchen Artikelen spillen do keng Roll !!
Ab Januar 2006 op GENÄU TV, ärem familiefrëndlechen, PUDENIS-interne Kuschelsender !!


MENU DU JOUR

Do dengem Kierper mol eppes Guddes !

Du kenns jo bestëmmt dat flott Spillchen, wous du d'Salz lecks, den Tequilla ofkipps an duerno kräfteg an d'Zitroun bäissen muss. Dat as fir déi besser Leit !! Tequilla as ze deier, d'Salz ze séiss an d'Zitroun ze gesond !!
Duerfir huet PUDENIS desen Erfrëschungsakt op hire Niveau erofgesaat (oder erop, je nodeem), an déi 3 Zutaten duerch folgendes ersaat:

Schnaps, Bier und ne Bulette !!

An dat geet folgendermoossen:

  1. Du lecks um Schäum vun dengem Béier
  2. Du kipps däi Schnaps an den Hals (am beschten natierlech ENG ROUT VUM FRANZ)
  3. Du bäiss kräfteg an deng Boulette

Bäim blöden Tequilla - Spill as et no 3 Etappen schon eriwwer. Mee bäim PUDENIS - Menu hues du nom drëtten Akt awer nach e ganze Béier virun dir stoën, deens du gemittlech ausdrénken kanns.

VILL SPAASS BÄIM AUSPROBEIEREN !!


Aktioun "12"

Du hues e lëtzebuerger Führerschäin an du bas en disziplinéierte Chauffeur ? Du hues souguer schon heinsdo de Raoul vum Bal heemgefouert ? Du hues also Punkten zevill op dengem Führerschäin déis du iwwerhaapt net brauchs ?



Dann maach mat bäi der Aktioun "12" !
Schenk deng Punkten engem PUDENIS Member deen se néideg huet ! An dat geet folgendermoossen :
STËPPEL DÄI FÜHRERSCHÄIN AN DÄIN DISKETTELAAFWIERK AN DRéCK OP DE KNÄPPCHEN ENNENDRËNNER !

Fotoquiz

Do stëmmt dach eppes net ! Do as iergendeppes faul !
Klick op dës Foto fir se ze vergréisseren a sich de Feeler, deen sech drangeschlach huet ...

Walk of Fame

Well eise Kanecher Ex-Stammbistrot jo huet misse Plaz maan fir en Appartementshaus, setze mir eis an, all deenen ze gedenken, déi sech jorelaang do eng roud Nues ugesoff hun (an och deenen, déi sech eng gëlle Nues un eis verdéngt hun) ! Duerfir hu mer wëlles, an der Buergaass e WALK OF FAME op den Trottoir ze bauen : fir all déi, déi op dëser denkwierdeger Plaz schon eng Kéier bäim Erauswenzelen de Buedem mat hirem Gesiit gebotzt hun ! MERCI !