home


WËLLKOMM OP DER OFFIZIELLER HOMEPAGE VUN DER PUDENIS A.S.B.L.


Do dech aus, lee dech hin, mir hun der eppes ze zielen. Tauch an eng Welt voller Gléckséilegkeet, Hoffnung, Meenungs- a Gedankenaustausch, Party, Palmen, Weiber a Béier.....

Awer och den Eescht vum Liewen kënnt an eise Gedanken net ze kuerz. Och mir mussen Woch fir Woch haart an erbarmungslos schaffen a schuften fir eis deeglech Erfrëschung ze verdéngen. Ganz ennert dem benediktineschen Liewensmotto Ora et Maloocha (Bete und arbeite / Email: urbi@orbi.com).

Eise Club besteet aus alle Schichten vun der Gesellschaft, bäi eis leeft einfach alles zesummen: vum Bunnert bis zum Comptabel, vum Student bis zum Staatsbeamten, vum Bauer bis zur Educatrice, vum Stackschwulen iwwert den hemmungslosen Alkoholiker bis zum Vollasi.

Hei hues du d'Méiglechkeet, dech iwwert eis Kartell z'informéieren. Léier eis Stärkten (freides owes) a Schwächten (samschdes moies) kennen an du wäerts gesin: PUDENIS as net nëmmen eng intern Versuergung vun der Rectalis inferior (Praxisbericht) oder e Fussballstadion, an deen mindestens 57093 Leit drangin, mee och eng Organisatioun, déi fir Mënschen an Nout kämpft !!!


New Collection!

Eis nei ultimativ Denis-Textil-Kollektioun as endlech do ! Weider Eckdaten fënns du an eisem Fanshop !

Nati-Dag

Och dëst Joër suergt PUDENIS nees dofir, dass um Owend firun Nationalfeierdag am Wëllemshaff keng Kanecher oder Lennenger Strass drëchen bleift !

Siège Social

Kanecher Ieselsstiffchen
18, rue d'Oetrange
L-5411 Canach