faq


PU WIEN ??


Frequentlty Asked Questions??? Wat wëll eis desen Ausdrock soën??? Et gin Froën op der Welt, déi emmer an emmer zréckkommen. Firwat hängt en DENIS lénks? Oder riets? Firwat nie an der Mëtt? Firwat huet net all Mensch sou en DENIS? Firwat muss een bäi d'Police goën just well een engem aneren säin DENIS weisen wëll? Wéini as et deen éischten DENIS gin? Wien huet mat deen éischten DENIS gespillt?

Op deser Säit beäntwerte mir e puer Froën, déi dir op der Zong leien. Stiech eis deng Zong einfach an de Mond, an du wäerts gesin, dass en DENIS emmer nees opsteet, wann e bis um Buedem läit...

Souvill soll gesoot sin: et as immens schwéier, souguer bal onméiglech, iwwerhaapt am Club opgeholl ze gin. Mee wanns du bis dran bas, dann hues du bal keng Méiglechkeet méi, aus eisem Kartell nach eng Kéier erauszekommen. Falls dach, dann brauchs du dech net ze wonneren, wann de President dir e Kuss op d'Stiir gëtt, an du kuerz drop mat Betongsschong an der Musel stees...


SPAASS NOM CLUB DES JEUNES A KUERZ FIRUN DER AMIPERAS - oder : wat drénken ech tëschent dem Alkopop an der Drëpp ??



Wou kënnt dee seltendämleche Numm PUDENIS hir ??

Aus enger versifftener Hoteldusch a Bulgarien (nach nie probéiert, mat engem DENIS am Duschvorhang Kasperletheater ze spillen??).


Säit wéini gëtt et dee Veräin ?

D’PUDENIS A.s.b.l. gëtt et schon onendlech laang. Et as amfong e Club, deen all Zäitalter eng Kéier nei definéiert gëtt. Firun enger 2000 Joren war et e Mann mat laangen Hoër a Badelaatschen, dee mat sengen 12 Kollegen deen éischte PUDENIS – Club gegrënnt huet. Leider as d’Associatioun schon no der éischter Friess opgeléisst gin, well iergend een aus senger Gang Beschass gedriwwen huet.

"Sorry, Pizza Baguette as keng méi do !"

Am Mëttelalter hun sech e puer tapfer Ritter wöchentlech un e ronnen Desch gesaat (haut nennt een dat Meeting), mee och sie hun et net laang gepackt, well einfach kee wollt Presi gin an d’Verantwortung droën. Ausserdeem konnten sie net méi kämpfen: sie haaten hir Schwäerter ofgeholl kritt well sie permanent hackedicht waren.

Den hellege PUDENIS - Gral vun der Tafelronn

Dee virleschten DENIS Club as mat der Titanic ënnergaangen: well just Männer am Veräin waren, duerften sie eréischt an d’Rettungsbooter klammen, wéi schon keent méi do war.

F1 ! F1 !

Ufank 2004 sin de Gilles, de Scout, den Alain, de Spitz, d’Anne, de B.C. an de Backdad op déi grandios Iddi komm, sech zu enger A.s.b.l. ze forméieren, well sie einfach absolut kee But lucratif haaten. Lues a lues hun sech och eng Reih aner Leit fir dës erfrëschend Zort vun Amusement interesséiert. Et huet awer bis den 5. Oktober 2004 gedauert, bis PUDENIS offiziell vum Danièle publizéiert an enregistréiert gin as.


Wien dierf dann alles an der PUDENIS - A.s.b.l. matwierken ?

All Déier, Planz oder Mënsch, dee vum Comité akzeptéiert gëtt, sief et hien oder hatt gesäit supergudd aus, huet en Harvard- bzw. Yale-Diplom, oder war schon eng Kéier um Cover vum Time-Magazine. Mee eng fest Plaz um Stammdësch riets am Eck am Café “beim Poutzert” as och schon duergaangen…. (dat war eise Siège social, selbstverständlech zu Kanech, dem Mekka vun de lëtzebuerger Dëppefester) Wat mam Bistrot geschitt as, gesidd dir op der Siège social - Säit.


Wat as komësch un deem Club ?

Komesch as eigentlech just, dass et engem no enger PUDENIS-Aktivitéit den Dag drop zimmlech schlecht as.


Wat fir Aktivitéiten organiséiert de Veräin ?

Eisen Aktivitéiteberäich as zimlech wäit gefächert. All Tätegkeet, déi mat Erfrëschungen ze doën huet, sief et intern oder extern, gëtt vun eis intensiv ënnerstëtzt, an dat grondsätzlech zu Kanech oder Lenneng. Ausnahmen gin et och. Wat d'Erfrëschungen méi grouss sin, wat mir och bereet sin, méi wäit ze fueren. Et kann een also behaapten: Mir sin fir alles ze hun, mee fir näischt ze gebräuchen. A wann dir eis net hätt ....... dann wéilt der eis net méi zréck!


Wéi laang wäert et d’PUDENIS A.s.b.l. gin ?

Bis ultimo………………oder bis een sech mat eiser Keess op d’Bahamas ofsetzt. Am Moment giff een domat awer knapps bis op Tréier kommen.


Firwat gëtt et d’PUDENIS Kartell ?

  • Well soss kee Club eis ophëllt
  • Am léiftse giffe mer jo e Gruppepartenariat schléissen, mee dat as gesetzlech nach net erlaabt.


Aloà !

Wéi eng dräi Saachen hëllt e PUDENIS - Member op eng einsam Insel mat ?
- Eng Fläsch Béier déi niemols eidel gëtt
- E Flaschenöffner
- Nach sou eng Fläsch Béier

St. Denis

Wat fir en Dag am Joër as offizielle PUDENIS-Feierdag ? Ma ganz einfach: den 9. Oktober (St. Denis) ! Un deem Dag hun all eis Memberen fräi. Weis och du deng Solidaritéit a setz den nexten 9. Oktober eng Käerz an Denis-Form an deng Fënster !

Leseratte

Wanns du e spannende Schmöker sichs fir déi kaal Wanterdeeg emzekréien :



FÄKAL-VERSIOUN