archiv


HALL OF FAME


Wou geet een hin fir ze laachen ? An de Keller ! A wou fënnt een normalerweis engem seng Läichen ? Natierlech och am Keller !! PUDENIS as also op dee perfide Gedanken komm, sech och sou eng Etage zouzeléen.

Normalerweis fënnt een sou Zougäng jo nëmmen a Bibliothéiken, wou een e Buch aus dem Regal zéihen muss, an dann geet eng verstoppten Diir op, déi een dann zum Goldtempel bréngt. Well awer nach kee vun eise Memberen e Fouss an eng Bibliothéik geschweigedenn an eng Librairie gesaat huet (esseidenn fir pissen ze goën), hu mir eise Geheimgang an eng aner Location verluet: eisen Stammbistrot (wat eng Iwweraschung !!).

Wanns du d'Beleuchtung emgedréiht hues (direkt nierft eisem Stammdësch, mir sin net grad Frënn vum wäit wenzelen), haas du deng Fanger zwar knaschteg, mee et as automatesch eng Geheimdiir opgaangen, duerch déis du dann an eis PUDENIS - Archiven gelaangt bas. Well mir awer lo heimatlos sin, hu mir eise ganze Krempel op d'PUDENIS - Homepage gesaat. Kuck dir eise Ramsch roueg mol eng Kéier un, villäicht fënns du jo eppes, wats du eis ofkaafen an denge Grousselteren schenke wëlls.


DUO COMMUNALE


BODO MIT DEM BAGGER


JO AN AMEN


D'GEBRIDDER APEL BÄIM NAHKAMPF


BOAH DU FRÖHLICHE